You’re speaking Luxembourgish, you’re having a great conversation, and then it happens …. you get stuck!
Don’t panic.
In this lesson, you’ll learn Luxembourgish expressions and sentences that native speakers use when they’re speaking Lux and don’t know what to say next. Use them the next time you practice speaking or get stuck in a conversation and relax – you can do this!
You’ll be surprised to see that we have 8 great sentences to use when you get stuck in Luxembourgish. And why? Well because everybody gets stuck at some point in a conversation, even in your native language. You do it, I do it. And you don’t have to wait until you never get stuck just to feel confident.
So if you’re speaking Luxembourgish and you get stuck at some point, just take a deep breath and remember it’s ok you got this because you have one of these 8 sentences that you can use.
And as this is level B1 I will now switch to Luxembourgish.
Deen 1. Tipp deen ech iech ginn, am Fall wou dir net méi wësst wat soen, dann ootemt eng Kéier déif an an denk drun: dat ass ok, ech hunn eng vun deenen XY Expressiounen déi ech benotze kann.
Heiansdo, kennt dir d’Wuert, dir hutt et geléiert, mee grad elo fält et iech net an. Dann kënnt dir soen
-
- et läit mer op der Zong – it’s on the tip of my tongue
Mir vergiessen all Wierder, wa mir schwätzen, an dofir hu mir dës Expressioun.
Säin Numm läit mer op der Zong (= ech kenne säin Numm, mee e fält mer elo direkt net an)
Wann een iech héiert dës Expressioun benotzen, da probéieren si wahrscheinlech iech weider ze hëllefen andeems se de Numm oder e Wuert proposéieren.
Wann dir d’Wuert NET kennt, dat dir benotze wëllt …. dann ass dat ok, well dir kënnt jo net all Wierder kennen, dir sidd jo keen Dictionnaire.
Stellt iech vir, dir hutt eng Presentatioun op der Aarbecht, an dir sicht nom Apparat (the clicker) fir op déi nächst Säit vun ärer Presentatioun ze kommen: da kënnt dir soen:
-
- a) ech sichen den …(beschreift d’Saach): Ech sichen dat klengt Apparat fir ze klicken, fir op déi nächst Säit vu menger Presentatioun ze kommen.
Dann hëlleft eng Persoun Iech a seet d’Wuert: ah du sichs d’Telecommande…
2. b) Ech kennen d’Wuert net, mee et ass … (beschreift d’Saach) – I don’t know the word, but it’s …
Dir sidd an enger Konversatioun an dir schwätzt, dir erkläert eppes, awer dir sidd iech net ganz sécher, ob alles kloer ass fir déi aner Leit. Dir kënnt dat op de Gesiichter vun de Persoune gesinn (si kucken iech komesch un …) Kee Stress, dir kënnt einfach soen:
-
- Egal, dat ass elo net esou wichteg. Nevermind, it’s not so important for now
Dann schwätzt weider oder changéiert d’Theema:
Egal, dat ass elo net esou wichteg. Iwwerhaapt, wéi wäit sidd dir an ärem neie Projet
Dir sidd an enger Konversatioun an dir fänkt un eppes ze erzielen (wat dir leschte Weekend mat XY gemaach hutt), an da kënnt dir iech net méi erënneren, wat dir eigentlech soe wollt …. Dann hutt dir 2 Méiglechkeeten. a) d’Expressioun
-
- Elo hunn ech de Fuedem verluer – I lost my train of thoughts now
b) de Saz
-
- Ech weess net méi wat ech soe wollt. – I don’t know where I was going with that
Elo sidd dir an enger Konversatioun an eng Persoun freet iech eppes an dir wësst net wat äntweren. Keng Panik. Wann een iech eng Fro stellt, da braucht dir jo Zäit fir nozedenken, dir déi richteg Wierder ze fannen. Dann wann dir e bësse méi Zäit hutt fir ze iwwerleeën an net ënner Drock sidd fir direkt ze äntweren, dat d’Situatioun retten.
Dofir hu mir e puer Sätz eis Zäit ze loossen fir eng Äntwert ze fannen:
6. Gëff mer eng Minutt Zäit, fir driwwer nozedenken. Gitt mir eng Minutt Zäit ….
7. Loosst mech emol iwwerleeën, wéi ech dat am beschte erkläre kann – Let me think about how to best explain this.
8 . Dat ass eng gutt Fro. Wat denks du driwwer? That’s a good question. What do you think about it?
Dëse leschte Saz gefält mir immens, well e léisst iech Zäit fir ze äntweren, an déi aner Persoun gëtt iech e puer Inspiratiounen an et weist och datt hir Meenung wichteg ass fir iech.
An da gesinn ech Leit, déi eng Konversatioun ufänken, a si setzen sech selwer ënner Drock fir perfekt Lëtz ze schwätzen, ouni Hesitatiounen. Mee eng Konversatioun ass keen Test. Dat ass en Echange, mat aner Persounen an et ass normal heiansdo d’Wierder net ze fannen. Dat ass ganz normal.
Mee haut hutt dir 8 Sätz geléiert, déi iech an esou enger Situatioun hëllefen. Also
Benotzt dës Expressiounen déi nachst Kéier wann dir an enger Konversatioun sidd an net méi weider wësst, a bleift relax.
Listen on Spotify https://open.spotify.com/show/00VXbMpd9bHNxc4p08qDjl
Listen Apple Podcast https://podcasts.apple.com/at/podcast/luxembourgish-with-anne-podcast/id1713509185
UNLOCK YOUR FLUENCY AND SPEAKING CONFIDENCE
Improve your Luxembourgish speaking skills, have a fluent conversation and gain confidence in speaking. Join our conversation classes “Schwätz mat eis”. We offer 2 classes one for people with the level A2 and on for the level B1. And have fun with the language as we will talk about various everyday life topics and also close each session with a funny game.
Learn all the details and register for a trial session
https://luxembourgishwithanne.lu/schwatz-mat-eis-luxembourgish-conversation-class/