Wat méchs du am Summer? – Summer Activities in Luxembourg and Abroad

Moien a wëllkomm bei eiser neier Episode! Haut schwätze mir iwwert d’Summervakanz – wat kann een zu Lëtzebuerg an awer och am Ausland am Juli / August maachen? Bass du prett? Da lass

☀️ Summer’s here – time to chat about your plans… in Luxembourgish! 🇱🇺
In this A2-level episode, we’re diving into fun and useful ways to talk about summer:

✅ What to do and where to go in Luxembourg
✅ Handy phrases for everyday conversations
✅ A simple dialogue to help you practise

Whether you’re heading to the lake, planning a BBQ, or just want to sound more natural on holiday – this one’s for you.

de Summer zu Lëtzebuerg

Aktivitéiten uechtert Land – activities across the country

  1. Een Dag an der Schwämmone day at the swimming pool
  • An der Coque um Kierchbierg – dat ass eng olympesch Schwämm mat Wellness a Sauna. Hannert der Coque ass e schéine Park – de Kyosk mat Café, Restaurant an eng Spillplaz. Dat ass de Summertreff fir Familljen am Summer um Kierchbierg.

At the Coque on the Kirchberg – that is an Olympic swimming pool with wellness and sauna facilities. Behind the Coque, there is a beautiful park – the Kyosk with a café restaurant and a playground. It’s the summer meeting place for families in Kirchberg during the summer.

  • Et ginn och e puer flott oppe Schwämmen, zum Beispill zu Réimech, Mondorf oder Veianen. An net ze vergiessen d’ Baggerweieren zu Remerschen- och eng ideal Summerdestinatioun fir Familljen

There are also some nice outdoor swimming pools, for example in Réimech, Mondorf, or Vianden. And not to forget the Baggerweier in Remerschen – also an ideal summer destination for families.

Link:  https://www.baggerweier.lu

2. Een Dag an der Natur 

  • Huel dir een Dag Zäit a fuer an de Mëllerdall de Schéissendëmpel kucken: deen bekannste Waasserfall am Land. Vun do aus kann een eng flott Wandertour am Bësch maachen. 

Take a day off and go to the Mullerthal to see the Schéissendëmpel – the most famous waterfall in the country. From there, you can go on a beautiful hiking tour through the forest.

  • Oder fuer an den Éislek, zum Beispill an de Naturpark vun der Our. D’Our is a river which flows through Vianden, Hosingen and Clervaux. Do ginn et vill Trëppelweeër a Vëlosweeër laanscht d’Our. An net ze vergiessen de grousse Stauséi zu Esch Sauer an Lultzhausen, wou ee schwammen an nach aner Waasseraktivitéiten kann. 

Or head to the Éislek, for example to the Our Nature Park. There are many hiking trails     along the River Our. And don’t forget the large reservoir near Esch-Sauer and Lultzhausen, where you can swim and enjoy other water activities.

  • Maach en Ausfluch op der Musel, zum Beispill zu Waasserbëlleg en Tour op der Marie Astrid an dono Wäin an enger Kellerei schmaache goen oder laanscht Musel spadséieren.

Take a trip to the Moselle, for example to Wasserbillig for a tour on the Marie-Astrid, and then go for a wine tasting at a winery or enjoy a walk along the river.

  • Ideal Plaze fir e Picknick ze maachen: am Märeler Park an der Stad oder op der Kinnekswiss am grousse Park. 

Ideal places for a picnic: in the Märeler Park in the city or on the Kinnekswiss in the large park.

Nëtzleche Vocabulaire –  Useful Vocabulary

  • An d’oppe Schwämm goen – to go to the outdoor swimming pool
  • An der Natur spadséieren goen – to go for a walk
  • En Trëppeltour maachen oder wanderen –  a hiking tour or hiking
  • Op de Séi fueren / an de Séi schwamme goen – the go to the lake / to swim in the lake
  • E Picknick maachen – to have a picknick
  • En Ausfluch maachen – to do a trip
  • E Vëlostour maachen – to do a bike tour

de Summer am Ausland

Just hannert de Grenzen vu Lëtzebuerg ginn et eng Rei spannend Plazen ze entdecken. – Just beyond Luxembourg’s borders, there is a wealth of interesting places to explore

  • d’Schleifenweeër an der Regioun Tréier, dat sinn Ronn-Touren, déi laang a schéin Wanderungen zu Fouss oder mam Vëlo laanscht d’Saar ubidden. D’Vue ass aussergewéinlech schéin.

Schleifenwege—loop trails—in the region, which offer long scenic hikes around the Saar river. The view is breathtaking

  • Chiny an der Belsch

Eng kleng Stad ongeféier 40 Kilometer hannert der Grenz. Ronderëm Chiny ginn et vill schéin Dierfer, Bëscher a Wisen, perfekt fir ze wanderen a Vëlo zefueren. D’Lesse fléisst nobäi a bidd d’Méiglechkeet fir Waasseraktivitéiten..

A small town about 40 kilometers beyond the border. Around Chiny, there are many beautiful villages, forests, and meadows, perfect for hiking and cycling. The Lesse River flows nearby and offers opportunities for water activities

  • Lac de Madine a Frankräich

De Lac de Madine – e künstleche Séi am Naturpark Lorraine –  läit am Norde vu Frankräich, 130 Kilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech. Eng populär Destinatioun am Summer fir e ganze Weekend. Aktivitéiten:  Waassersport, fëschen, wanderen, a Vëlo fueren ronderëm de Séi.

An artificial lake in the Lorraine Nature Park, France, about 130 kilometers from Luxembourg City. A popular destination in summer for a whole weekend. Activities include water sports, fishing, hiking, and cycling around the lake.

Nëtzlech Sätz - Practical Phrases

  • Ech wëll / Ech plangen / Ech ginn – I want / I plan / I go
  • Meng Frënn an ech plangen am Juli an Italien ze fueren. Mir wëlle Vëlo fueren an och typesch italieenesch iessen. – My friends and I are planning to go to Italy in July. We want to go cycling and also eat typical Italian food.
  • Ech gi mat menger Famill am August zwou Wochen a Frankräich, an zwar an d’Normandie. – I’m going to France with my family for two weeks in August, specifically to Normandy.
  • Dëst Joer wëll ech Enn August a Kroatien Vakanz maachen. – This year I want to take a vacation in Croatia.

En Dialog - a dialogue

Lisa: Wat méchs du an der Summervakanz?

Tom: Ech fuere mat menger Famill an Holland.

Lisa: Oh flott! Wéi laang bleift der do?

Tom: Mir bleiwe zwou Wochen. Mir hunn eng Vakanzewunneng no bei der Küst.

Lisa: Wat kann en dann do alles maachen?

Tom: Mir ginn op d’Plage schwammen, mir fuere mam Vëlo, ginn d’Stied visitéieren.

Lisa: Ech kréien Loscht eng Kéier an Holland ze reesen!

Tom: A wat hues du da vir? Bleifs du zu Lëtzebuerg?

Lisa: Jo, dëst Joer bleiwe mir heiheem. Mee mir maache kleng Ausflich – vläicht fuere mer op d’ Baggerweieren, an de Mëllerdall oder op de Lac de Madine. Mol kucken.

Tom: Dat ass och schéin! Lëtzebuerg an d’Ëmgéigend huet vill flott Plazen.

Lisa: Stëmmt! Ech plangen och e Picknick am Märelerpark ze maachen.

Share this!

© 2025 All rights reserved

error: Content is protected !!

Weekly Newsletter

Discover fresh updates, tips and more in your inbox!
Sign up here for your free Luxembourgish Language Gems of the week.